Règlement du concours
PILOSTICKS EM 2008
- An dësem Concours geet et drëms Pronostic’en ze maachen fir d’Vierronn vun der FussballEUROPAmeeschterschaft 2008.
Den Asaatz as op 15 € festgeluëcht.
Wann een op déi éischt Equipe tippt schreiwt een eng ‘1’ hannert de Match.
Wann een op déi zweet Equipe tippt schreiwt een eng ‘2’ hannert de Match.
Wann een op e Remis (=Gläichspill) tippt schreiwt een eng ‘0’ hannert de Match.
Pro richtegen Tip kritt een 1 Punkt.
No den 24 Matcher gët den Total vun den Asätz op déi Leit mat deene meeschte Punkten verdeelt.
De Gëwënn get folgendermoossen opgedeelt (100% vum Totalasaatz – 15 €):
60 % fir déi éischt Plaatz
25 % fir déi zweet Plaatz
15 % fir déi drëtt Plaatz
(Dëst ziëlt awer nëmmen am Fall wou e Gläichstand op enger vun deenen 3 éischten Plaatzen as an et betrëfft och nëmmen déi déi di gläich Punktzuel hun, d.h. deen zousätzleche Punkt huet keen Afloss op den normale "Ranking"!)
Dee mat der schlechster Punktzuël kritt als Trouschtpräis 15 €.
Falls et do och e Gläichstand get, kritt deejenëgen 15 €, dee mat séngem Pronostic vum Total vun de Goaler am Wäitsten (!) vun der effektiver Goalzuël ewech as.
- De Comité besteet aus dem Olivier, Pierre, Mich a Chrëscht.
Am Fall wou ët néideg as, z.B. en Oofbroch vun der WM, kann de Comité extraordinäer Décisiounen huëlen.
Dës Décisiounen kënnen net contestéiert gin an de Comité as onfehlbar.
All Mëmber vum Comité däerf beim Concours matmaachen.
E vun de Mëmberen bësëtzt eng Kopie vun deem Mëmber sénger Fiche, deen d’Resultater auswäert.
3. Wann een d’Fiche ausgefëllt huët a säin Asaatz ofgin huët, kann een weder d’Fiche, nach den Asaatz zréckfuëderen. D’Fiche an den Asaatz muss ee bis den 7. Juni 2008 bei engem vun de Mëmberen oofgin hun. Et kann een d’Fiche och per Post/Mail schécken, mee da muss de Bréif/d’Mail bis spéidstens den 7.Juni 2008 bei engem Comitésmëmber an der Boîte leien an d’Suën musse bis dann och iwwerwise sin oder mat der Post ukomm sin oder waat och ëmmer.
Andeems een séng Ënnerschrëft op d’Fiche mecht, déclaréiert een dass ee mam Règlement d’accord as.
Wann ee séng Fiche per Mail schéckt hat e Pech, et get dat verwäert wat ukënnt an et as een automatësch d’accord mam Règlement.
3 Comments:
johohooo, heen hei
't deed mer leed, get et e Problem?
nööööööööööö!!
Post a Comment
<< Home